Wéi vill Scholden ee Land maachen dierf, ass an der EU gereegelt. Wien iwwer enger gewësser Limite läit muss eng Prozedur iwwer sech ergoe loossen, déi festleet, wéi d'Schold ofgebaut soll ginn.
D'Reegele vun deem sougenannte Stabilitéitspakt sinn zanter Jore staark ëmstridden an der EU. D'Europäesch Kommissioun huet gëschter Propose fir eng Reform vun deem Pakt presentéiert.
D'Danièle Weber informéiert.