D'Gesellschaftsspill "Kenns du de Minett?" setzt sech mat der Fro auserneen: Kennt de Lëtzebuerger sech am Minett aus? A wéi gutt kennt de Minettsdapp seng Regioun?
An dëser eenzegaarteg Regioun mat hiren eelef Gemengen, iwwer 150 Nationalitéiten, Naturschutzgebitter a Biotopen, kulturellen Institutiounen, touristesche Sitten a villem méi, gëtt et enorm vill ze entdecken. A virun allem ginn et eng Abberzuel Plazen a Geschichten, déi net emol den Awunner vum Minett bekannt sinn.
Informatioune mam Yann Logelin, Chargé de Communication vum Syndicat Pro-Sud