Bewosst Gesond
Kuelenhydrater: Seegen oder Fluch?
8 min
D'Kuelenhydrater gerode reegelméisseg a Verruff. Tatsächlech kënne déi falsch dem Kierper schueden. Wann een awer déi richteg auswielt, profitéiert ee vun de gesondheetleche Virdeeler.
Aktuell Etüde beleeën, datt net Quantitéit entscheedend ass, mee d'Qualitéit. Déi gesondste Quelle vu Kuelenhydrater sinn déi mat ville Ballaststoffer, esou wéi Vollkarproduiten, Geméis, Uebst a Leguminosen. Wann een awer dem Kierper gréisser Quantitéiten u raffinéiertem Zocker wéi zum Beispill Produiten aus wäissem Miel a richtegem Zocker zouféiert, kann dat op Dauer der Gesondheet schueden. Oppassen soll een awer och op verstoppten Zocker, deen een zum Beispill a Jughurte, Wurschtproduiten oder Schmierkéise fënnt.
Explikatioune mam Ernärungsberoder Sven Majerus