arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Kabes: e wäertvollt regionaalt Wantergeméis

Kabes: e wäertvollt regionaalt Wantergeméis

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

17 min

Sief et gréngen, rouden, wäissen, gekrauselten oder spatze Kabes, ouni Brockelcher, Brokkoli, a Kolrawen ze vergiessen, si si besonnesch an der kaler Joreszäit beléifte Kabeszorten op eisem Teller.


Fréier ware se besonnesch wäertvoll fir de Vitaminn-Bedarf am Wanter ze décken. Sauerkraut gouf viru Joerhonnerte besonnesch op däitsche Schëffer giess, fir de Skorbut, eng Mangelerkrankung u Vitaminn C, ze verhënneren. Haut si virun allem dem Kabes seng antioxydativ an entzündungshemmend Wierkstoffer bekannt. Fir eng besser Verdauung kann ee gäre Kümmel oder Fenchel gebrauchen.


Rezept Iddien:


- Fir wäertvoll Närstoffer ze erhalen, kann e wäisse Kabes reng geschnidden, zesumme mat gerappte Wuerzelen als knackeg Cruditéit genéissen - hei kann ee wéineg Mayonnaise mat Brach verréieren, mat Moschter a Kraider verfeineren an esou eng méi liicht Coleslaw preparéieren.


- Brokkoli eegent sech ganz gutt fir ze dämpen, esou bleiwen d'Mineralien am Geméis erhalen. Hei net vergiessen de Stronk mat ze verschaffen; einfach schielen a kleng schneiden huet en en delikaten Anäisgeschmaach. Zu Brokkoli passe ganz gutt geréischtert Pinien oder gehackte Mandelen.


- Choucroute schmaacht ganz gutt mat Püree, Fësch, marinéiertem Pouletsfleesch oder Mignon; eng liicht alternativ zu der traditioneller Choucroute, déi Plaz an der gesonder Kiche fënnt. De Rescht Choucroute mam Püree schmaacht als Tierteg den Dag drop nach besser.


- Ganz beléift si Kabesrouladen an der vegetarescher Kichen. Hei gi grouss Kabesblieder blanchéiert an da mat enger Farce vun z. B. Bulgur, Champignon, Ricotta, Kraider gefëllt, zu enger Roulade zesummegeschloen an am Schäffche goen gelooss.


- Kabeszoppen hate mol vill Unhänger, wéi se als Wonnerzopp op de Regimmsmarché koumen. Si bleiwen, wéi all Zoppen, flott Zoubereedunge fir den Wanter: eng gutt Manéier déi néideg Flëssegkeet ze kréien, wiermen den Dag iwwer a bréngen zousätzlech e Cocktail vu Vitaminnen a Mineralien.




Referencen:


Bown, D. (2001): DuMont's Große Kräuter-Enzyklopädie RHS Encyclopedia of Herbs & their Uses - DuMont


Lecerf, J.-M. S.-L. (2020): Nutrition préventive et thérapeutique - Elsevier Masson


Nosbusch, T. (s.d.): Aus der Luxemburger Küche - Guy Binsfeld


Vierich T., V. T. (2020): Aroma essenziell - Stiftung Warentest


Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (2021): Vun Dréischel bis Kréischel 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss - ZLS a SCRIPT

Episoden

Fraegesondheet: Gewiicht, Drock an Diabetes | © Bigstock

Fraegesondheet: Gewiicht, Drock an Diabetes

Am Kader vun der Semaine de la santé de la femme (1.-7.6.2026), schwätze mir iwwer Gewiicht, gesellschaftlechen Drock an hir Relatioun zu Gesondheet an Diabetes.
headphones

6 min

play_arrow
Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen | © Bigstock

Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen

Wéi d’Daarmflora Verdauung, Immunsystem a Wuelbefanne beaflosst – a wat Dir selwer fir Är Gesondheet maache kënnt.
headphones

7 min

play_arrow
Haut ass de Bee Day | © Bigstock

Haut ass de Bee Day

Gesond Ernärung mol aus enger anerer Perspektive gekuckt.
headphones

14 min

play_arrow
Falsch Informatiounen iwwer Ernärung an de Soziale Medien | © Bigstock

Falsch Informatiounen iwwer Ernärung an de Soziale Medien

Wéi bréngen Instagram-Influencer et fäerdeg fir falsch Informatiounen iwwer Ernärung ze verbreeden?
headphones

12 min

play_arrow
Fréijoersmiddegkeet: D'Sonn ass do, an d’Energie fort - wat leeft falsch? | © Bigstock

Fréijoersmiddegkeet: D'Sonn ass do, an d’Energie fort - wat leeft falsch?

Firwat mir eis am Fréijoer dacks midd spieren - a wéi Ernärung, Beweegung an Alldagstippen hëllefe kënnen, nees méi Energie ze kréien.
headphones

5 min

play_arrow
Clever Iesse fir e fitte Kapp! | © Bigstock

Clever Iesse fir e fitte Kapp!

Wëssenschaftlech Erkenntnisser weisen, datt eist d'Iessen e groussen Impakt huet op eist Gehier, eis Emotiounen a souguer op méiglech psychesch Erkrankungen.
headphones

10 min

play_arrow
Eng ënnerschätzte Knoll, déi et a sech huet | © Bigstock

Eng ënnerschätzte Knoll, déi et a sech huet

Roll vun der Gromper an der gesonder Ernärung
headphones

11 min

play_arrow
Déifgefruere Liewensmëttel, besser wéi hire Ruff? | © Bigstock

Déifgefruere Liewensmëttel, besser wéi hire Ruff?

Iessen aus dem Tifküler, praktesch am Alldag an e Schlëssel fir manner Liewensmëttelverschwendung
headphones

7 min

play_arrow
Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt | © Bigstock

Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt

Informatioune ginn et genuch - mee net alles ass hëllefräich. Wéi fanne mir zouverlässeg Gesondheetsinformatiounen an ëmgoe mir Mythen?
headphones

6 min

play_arrow
Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung? | © Bigstock

Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung?

Wéi eng Roll spille Séisswaasserfësch an enger gesonder Ernärung a wat ass den Ënnerscheed zu de Mieresfësch?
headphones

12 min

play_arrow
Gesond al ginn | © Bigstock

Gesond al ginn

Wat kann ee maache fir gesond al ze ginn a méiglechst laang gutt ze liewen? Mir beschwätzen d’Resultater aus der Fuerschung am Beräich Ernärung a Sport.
headphones

12 min

play_arrow
Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter | © Bigstock

Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter

Zoppe si beléift a sinn eng Opwäertung vun eisem Iessen. An dat net nëmmen am Wanter.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst | © monkeybusinessimages / Bigstock

Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst

Wéi beaflosse Bluttzocker, Daarmgesondheet a Stresshormoner eis Stëmmung? E Bléck op wëssenschaftlech Zesummenhäng a praktesch Ernärungstippe fir méi mental Stabilitéit am Alldag
headphones

7 min

play_arrow
Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL | © astropix / Bigstock

Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL

Un laboratoire dédié à l’analyse sensorielle, à la formation et aux services professionnels pour évaluer scientifiquement la qualité des aliments.
headphones

9 min

play_arrow
E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow