arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Planzen-Alternative wéi Kokos-, Mandel-, Huewer- oder Soja-Drink

Planzen-Alternative wéi Kokos-, Mandel-, Huewer- oder Soja-Drink

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

12 min

Si schounen d'Ëmwelt a sinn gutt verdaulech awer d'Qualitéit vun den Inhaltsstoffer an d'Närwäerter sinn net ëmmer optimal. Et fënnt een hautdesdaags och ëmmer méi Alternativen aus Nëss, Soja, Weess, Räis oder Sonneblummekären. Mee sinn dës Alternative wierklech ëmmer gutt?


Bei klenge Kanner dierf een dës Alternativen net als Ersatz fir Mëllech huelen. Zesummesetzung vun den Närstoffer huet mat Mëllech näischt ze dinn, an et kann zu Mängel mat irreversibele Konsequenze kommen. Aus deene Grënn dierfe gesetzlech gesinn déi Alternativen net Mëllech genannt ginn. Den Term Mëllech ass geschützt a bezitt sech ausschliisslech op Koumëllech. Fir erwuesse Leit, déi gesond sinn, kënnen déi planzlech Alternativen awer interessant sinn.


Et lount sech awer e Bléck op Etikett: idealerweis enthält d'Gedrénks aus Planzen tëschent eelef an 12 Prozent vun der Basis-Planz. Och Zousazstoffer wéi Zocker, Séissungsmëttel, Konservéierungsstoff asw. sollten der esou wéineg wéi méiglech bäigesat sinn.


Haapt-Ingredienten an der Mëllech si Proteinnen, Kalzium, Phosphor a B- Vitaminnen. Déi sinn an de Pflanzenalternativen net d'selwecht gutt vertrueden. Den Equiliber mécht sech awer iwwer den Dag an net iwwer ee Liewensmëttel eleng, esou datt een dës Närstoffer och iwwer en anere Wee kann erakréien.


De Sojadrink enthält zum Beispill vill Proteinnen, déi och vun der Aminoseier-Zesummestellung interessant ass. Verschidde Geméiszorte wéi Brokkoli, grénge Kabes a Rucola a verschidden Nëss si gutt Kalziumliferanten. Allerdéngs gëtt aus de Planzen de Kalzium allgemeng manner gutt genotzt. Oxal- a Phytin-Seier aus dem Geméis, Weess a Som verhënnert d'Disponibilitéit.


Am Mineralwaasser ass de Kalzium an ioniséierter Form, déi de Kierper gutt ophuele kann. Vun 150 mg Kalzium pro Liter u ka sech e Mineralwaasser mat vill Kalzium nennen. Beim Gedrénks op planzlecher Basis dofir idealerweis ëmmer déi wielen, déi mat Kalzium ugeräichert sinn.




Am Studio ass d'Ernärungsberoderin Stéphanie Rosquin


Praktesch Tippen:



Soja an Huewer flockt net grad esou aus a passt gutt fir Gratin. Eng Mëschung Soja an Huewer ass hei och gutt

Lëscht vun den Ingrediente kucken: esou vill vu Mandel/Soja asw. wéi méiglech: 11-12 Prozent, Bioqualitéit ass besser

Vun den Närstoffer hier kann een et awer net als Alternativ zur Mëllech gesinn



Selwer gemaachte Planzenalternativen:


Cashewdrink:



50g Cashewkären

2 Dattele

500ml kachend Waasser

Salz

eventuell di rout Alg " lithothamnium calcareum ".

Alles mixen.

Et hält sech bis zu 3 Deeg am Frigo



Jughurt:



50 g réi Hirse (millet)

50 g Cashewnëss

25-40 ml Zitrounejus

500 ml Waasser

4-8 Dattele

Alles mixen



(Rezepter vun der Edith Gätjen)


Huewerdrink:



1,5 l Waasser zum Kachen bréngen

100 g Huewerflacken dobäi ginn. E bëssen Salz dobäi maachen

Wann ee wëllt kann een och gäre bëssen Hunneg oder Dattel dobäi gi fir ze séissen

1-2 Minutten lues kache loossen

Ofkille loossen a mat engem Mixer reng püréieren

Da Mëschung an en Nossmëllech-Säckelche maachen an all Flëssegkeet erausdrécken



(essen und trinken.de)


Quellenangabe:



Ugb.de: Ein Traum in Reis

Dge.de

Edith Gätjen, Dr. Markus Keller. Vegane Kinderernährung: gut versorgt in jeder Altersstufe. s.l.: Eugen Ulmer KG, 2020.

Dr. Markus Keller, Edith Gätjen. Vegane Ernährung: Schwangerschaft, Stillzeit und Beikost; Mutter und Kind gut versorgt. s.l.: Eugen Ulmer KG, 2017

Springlane. [En ligne] [Citation: 23 01 2021.] https://www.springlane.de/magazin/pflanzliche-ernaehrung/

Rittenau, Niko. Vegan-Klischee ade! Wissenschaftliche Antworten auf kritische Fragen zur veganen Ernährung. s.l.: Ventil Verlag UG, 2019

Spiegel.de: Wie gesund ist Hafermilch?




Episoden

Gaaschtfrëndlechkeet tëscht Traditioun an Zukunft

Am Virfeld vun der Expogast ënnersträicht d’EHTL hir Visioun vu Gaaschtfrëndlechkeet, feiert de kulinaresche Patrimoine vu Lëtzebuerg a bereet nei Ausbildungsperspektive vir.
headphones

14 min

play_arrow
Hierschtfaarwen um gesonden Teller | © Bigstock

Hierschtfaarwen um gesonden Teller

An e faarwegen Hierscht-One-Pot.
headphones

11 min

play_arrow
Iessen no der Auer oder nom Hongergefill? | © Bigstock

Iessen no der Auer oder nom Hongergefill?

Honger, Iesszäiten an e Rhythmus, deen zum Alldag passt, eisen Thema.
headphones

7 min

play_arrow
10.000 Schrëtt den Dag | © Bigstock

10.000 Schrëtt den Dag

Muss et wierklech esou vill Schrëtt sinn, fir gesond ze bleiwen, an de Risiko vum Typ-2-Diabetes ze reduzéieren ?
headphones

6 min

play_arrow
Ernährungsmythen

Ernährungsmythen

A wéi en Impakt esou Mythen op eisen Alldag kënnen hunn.
headphones

16 min

play_arrow
Welternärungsdag 2026

Welternärungsdag 2026

De 16. Oktober gëtt e celebréiert.
headphones

7 min

play_arrow
Ab an d'Keelt! Clever a richteg afréieren | © Bigstock

Ab an d'Keelt! Clever a richteg afréieren

Richteg afréieren, sécher entdeeën an dobäid’Närstoffer erhalen.
headphones

8 min

play_arrow
Fibermaxxing-Trend | © Bigstock

Fibermaxxing-Trend

Eng klassesch Ernährungsrecommandatioun an neier Verpackung
headphones

10 min

play_arrow
D’Liewer ënner Drock | © Bigstock

D’Liewer ënner Drock

Wann d’Liewer ze vill Fett späichert
headphones

13 min

play_arrow
De Summer ass passé, mee um Teller kënne mer e weider genéissen | © Bigstock

De Summer ass passé, mee um Teller kënne mer e weider genéissen

Spéitsummer Geméiss, a wat mer iwwer de Nährstoffgehalt wësse sollten.
headphones

6 min

play_arrow
Onsichtbar, onvermeidbar – Mikroplastik an eisem Iessen | © Bigstock / photoboyko

Onsichtbar, onvermeidbar – Mikroplastik an eisem Iessen

Wat bedeit dat fir eis Gesondheet a wat kënne mir am Alldag dogéint maachen?
headphones

7 min

play_arrow
Ernärungsrecommandatiounen fir Fraen an a ronderëm d'Menopause | © Bigstock

Ernärungsrecommandatiounen fir Fraen an a ronderëm d'Menopause

D’Frae kennen hir Ernährung upasse fir Problemer an der Menopause ze reduzéieren a Gesondheetsrisiken erofzesetzen.
headphones

14 min

play_arrow
Tapas a Co – gesond Häppercher mat Vakanzeflair | © Bigstock

Tapas a Co – gesond Häppercher mat Vakanzeflair

Eng kulinaresch Entdeckungsrees ronderëm d’Mëttelmier.
headphones

11 min

play_arrow

L’obésité pédiatrique: comprendre pour mieux agir

Au Luxembourg, près d’un enfant sur cinq est concerné par le surpoids ou l’obésité. OBEDIA-Kids propose un accompagnement coordonné.
headphones

13 min

play_arrow
L’obésité pédiatrique: comprendre pour mieux agir | © Bigstock

L’obésité pédiatrique: comprendre pour mieux agir

Au Luxembourg, près d’un enfant sur cinq est concerné par le surpoids ou l’obésité. OBEDIA-Kids propose un accompagnement coordonné.
Tëschent Patrimoine an Innovatioun: d'EHTL preparéiert sech op d'Zukunft | © Bigstock

Tëschent Patrimoine an Innovatioun: d'EHTL preparéiert sech op d'Zukunft

Tëschent kulinareschem Patrimoine, pädagogescher Innovatioun an neie Programmer baut d’EHTL d'Zukunft op, andeems d’Hotelschoul d'Talenter vu gëschter, haut a muer valoriséiert.
headphones

6 min

play_arrow
Work-Life-Balance am Alldag | © Bigstock

Work-Life-Balance am Alldag

Gesond Ernärung vun der Fra vun haut
headphones

10 min

play_arrow
Fraegesondheet: Gewiicht, Drock an Diabetes | © Bigstock

Fraegesondheet: Gewiicht, Drock an Diabetes

Am Kader vun der Semaine de la santé de la femme (1.-7.6.2026), schwätze mir iwwer Gewiicht, gesellschaftlechen Drock an hir Relatioun zu Gesondheet an Diabetes.
headphones

6 min

play_arrow
Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen | © Bigstock

Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen

Wéi d’Daarmflora Verdauung, Immunsystem a Wuelbefanne beaflosst – a wat Dir selwer fir Är Gesondheet maache kënnt.
headphones

7 min

play_arrow
Haut ass de Bee Day | © Bigstock

Haut ass de Bee Day

Gesond Ernärung mol aus enger anerer Perspektive gekuckt.
headphones

14 min

play_arrow