Et war, haut op den Dag virun 111 Joer, deen éischte Match vun enger Lëtzebuerger Fussballnationalekipp, ee Frëndschaftsmatch géint Frankräich, dee mat 1:4 verluer gouf. Déi éischt Selektioun vun de Roude Léiwen huet sech zum gréissten Deel zesummegesat aus Spiller vun de Stater Veräiner Spora, Union an Racing. Revanche gouf am Februar 1914 geholl mat enger 5:4 Victoire.
Déi meeschten offiziell Matcher goufe bis haut verluer, mee an de leschte Joren notéiert d'Nationalekipp ëmmer méi dacks Victoirë respektiv Gläichspiller. Et gouf awer an deenen 111 Joer och scho mol géint grouss Natioune gewonnen, wat awer schonn e puer vill Joer hier ass. D'Rout Léiwen konnte sech nach ni fir ee groussen Turnéier qualifizéieren, waren awer an de Joren 1920, 24, 28, 26, 48 an 1952 bei den Olympesche Summerspiller mat vun der Partie.