Déi däitsch Produktiounsfirma Kigali Films huet am Optrag vum Kultursender Arte eng Dokumentatioun gedréit iwwer de Lëtzebuerger Fleegesystem am Verglach mat Däitschland, a firwat esou vill Frontalieren aus Däitschland am Fleegeberäich op Lëtzebuerg schaffe kommen.
D'Suen, méi an der Pai, jo, dat ass en Argument, firwat ee sech decidéiere ka bei eis an d'Land schaffen ze kommen, awer net nëmmen. Virun allem Aarbechtskonditiounen, de Personalschlëssel, de System, wéi geschafft gëtt, wier einfach anescht, besser.
De Journalist an Auter Markus Harmann, war op e puer Plazen hei am Land filmen, an e Fleegeheem an an eng Klinik a wollt vun de Concernéierte wëssen, wat hir Aarbecht hei am Land ausmécht.
D'Resultat weist Arte den Owend an engem Reportage um 19:40 Auer. https://www.arte.tv/de/videos/104429-006-A/re-mehr-als-applaus
D'Angie Maquil hat sech wärend den Dréiaarbechten mam Markus Harmann zu Waasserbëlleg am Fleegeheem Op Lamp getraff.