Magasinn
Colette Flesch an hiren olympeschen Dram
4 min
D'Colette Flesch ass eng Politikerin duerch an duerch, jorelaang Deputéiert um Krautmaart, Stater Buergermeeschtesch, ënner anerem Ausseministesch an DP-Parteipresidentin an och als Europadeputéiert um europäeschen Plang politesch aktiv. Also e Mënsch deen Politik lokal, national, europäesch an internationale kennt a kenne geléiert huet. Dernieft muss een bei der Colette Flesch awer och de Sport ernimmen, deen eng bedeitend Plaz an hirem Liewen gespillt. D'Invitée an der aktueller Episod vun der Emissioun "Sot emol" beim Jean Claude Majerus war direkt dräi bei olympesche Spiller mat derbäi.