Europa Aktuell
"Et ass natierlech net esou, datt mir kee Plang hunn"
4 min
Net just de Gas, mee och de Stroum kéint am Wanter knapp ginn. Den dréchene Summer an de Krich an der Ukrain suergen zanter Méint fir Tensiounen am Energiesecteur. E méigleche Stroum-Blackout gëtt hei am Land manner thematiséiert. Trotzdeem ass dee Zenario net ausgeschloss, an et gëtt sech och drop preparéiert. Den Norden, de Westen an den Oste vum Land wieren als éischt betraff.
Wéi warscheinlech e Blackout ass a wéi sech drop preparéiert gëtt, huet Sophie Schroeder recherchéiert.