Bewosst Gesond
Drénken, och am Wanter net vergiessen
18 min
Et gëtt mëttlerweil eng Hellewull u Produkter fir ze drénken. Wéi soll ee sech do erëmfannen? Wat soll een eigentlech drénken?
De mënschleche Kierper besteet gutt 50-60 Prozent aus Waasser. Esou ass et dann och wichteg, datt ee genuch drénkt. Op een Dag gekuckt, sollen et 1,5-2 Liter Flëssegkeet si fir een Erwuessenen. Bei Hëtzt oder kierperlecher Aktivitéit kann et och scho séier dat duebelt oder méi sinn, fir datt de Kierper optimal ka funktionéieren.
Den ideale Liwwerant fir Flëssegkeet ass natierlech Waasser. Mee och a Moossen ass Kaffi en interessant Gedrénks. Wichteg ass, datt esou mann wei méiglech Zocker, oder änlech Stoffer an deem ass, wat een iwwer den Dag drénkt. Bis elo ginn et och keng Zockerersatzstoffer, déi een onbedenklech kéint recommandéieren.
Speziell fir de Wanter eegent sech waarmt Gedrénks, souwéi Kraider- oder Friichten-Infusiounen an natierlech och richtegen Téi. Awer oppassen op den Zocker. Fir eng natierlecht Séisst si folgend Gewürzer a Kraider speziell gëeegent: Kanéil, Vanill, Anäis, Mokuch, Ingwer an och Hunnegkraut (Honigkraut), och nach als Steviaplanz bekannt.
En idealen Téi fir de Wanter
Rezept:
± 4 g gedréchenten Salbei (entzündungshemmend)
± 4 g Lannebléientéi (berouegend, och gutt géint Reizhusten)
± 4g gedréchenten Anéis (antibakeriel)
2 kleng Zitrounestécker an e bësse Kanéilpolver
1,5 Liter Waasser mam Anis zéng Minutten opkachen an da vun der Kachplack huelen. Déi aner Kraider mat den Zitrounestécker a bësse Kanéil dobäimaachen an e puer Minutten zéie loossen. Waarm drénken!
Referenzen:
Verband für Unabhängige Gesundheitsberatung e.V. UGB
Agence nationale de sécurité sanitaire de l'alimentation, de l'environnement et du travail (France)
Physiologisches Institut. Fachbereich Medizin der Justus-Liebig-Universität
Mam Ernärungsberoder Sven Majerus