Mir begéinen zwou "Grandes Dames", der Aline Mayrisch an hierer Biografin Germaine Goetzinger. En ausféierleche Interview mat der Germaine Goetzinger iwwer hiert Buch: Aline Mayrisch - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engegement und Literatur (Editions Guy Binsfeld) an natierlech beschwätze mer zwou weider nei Literaresch Publikatiounen aus Lëtzebuerg: To live heisst leben und Liebe heisst Love vun der Fabienne Hollwege an Bildnis eines Jungen Mannes vum Marc Graas (Guy Binsfeld)
arrow_back_ios
VaLibrairie
E komplexe Bléck op d'Aline Mayrisch
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

Anne-Marie Reuter am Gespréich
D'Servais-Präis-Laureatin vun 2025 kënnt zu Wuert.

Hommage un de Pierre Joris
Den Nomad vun der Literatur huet eis verlooss...

Literatur hei an iwwer Grenzen eraus
Marcel Beyer am Gespréich a Kritike vun dräi Lëtzebuerger Publikatiounen.
4 Schrëftsteller:innen - 4 nei Wierker
E Kapitän aus der DDR, véier Bridder aus dem Éislek, ee Meedchen ouni Numm an eng verschwonnen Amerikanerin am Mëllerdall: d‘Protagonisten an d’Protagonistinnen an den neie Wierker vun de véier Schrëftsteller:innen.

Live vun de Walfer Bicherdeeg
Alle Jahre wieder... si mir live op de Walfer Bicherdeeg. An eiser Literaturemissioun begréisse mer d’Laureatinnen a Laureaten vum Lëtzebuerger Buchpräis 2024.
Iwwer Sëlwersträifen, verluerenen Erënnerungen a geklaute Bieren
Guy Rewenig - Bärenklau (Editions Guy Binsfeld), Anne-Marie - M for Amnesia (Black Fountain Press), Luc François - Hirngespinste und Silberstreife ( Hydre Editions)

Literatur, déi reest ...
Mir huelen Iech mat op Saint-Malo. An där klenger bretonescher Festungsstad gëtt al Joer wärend dem Päischtweekend de Literaturfestival Étonnants voyageurs organiséiert.

Live um Fest vum Buch
Mir begréissen eng Rei Auteuren an Autorinne live ze Hënchereng am Kulturhaus.

Leipziger Buchmesse
Eng Spezialeditioun mat Gespréicher mat AutorInnen op der Leipziger Buchmesse

En Huesenhäerz, dat fir d'Literatur schléit
De Michael Krüger mat beréierenden a beandrockenden Erënnerungen an Anekdoten

Eng literaresch Männerronn
Jean Portante, Nico Helminger, Guy Helminger a Jean Sorrente an hir nei Wierker

E Réckbléck op dat literarescht Joer 2023
Mir kucken op déi literaresch Highlights 2023 zréck.

Live vun de Walfer Bicherdeeg
Invitéen aus der Literaturzeen, ë. a. all d'Laureatinne vum Lëtzebuerger Buchpräis an hir Vertrieder vun den Editiounshaiser

Margret Steckel
D'Laureatin vum Batty-Weber-Präis 2023 huet d'Wuert
