Bewosst Gesond
Ecole du goût. Richen, fillen, kachen, schmaachen an iessen
14 min
Iesse soll gesond sinn a gutt schmaachen. Iessen ass net nëmme liewenswichteg, mee huet och e sozialen Impakt a mécht eis frou. An awer huele mir eis net ëmmer déi richteg Zäit, fir eis Liewensmëttele bewosst auszewielen a fir ee gesonde Plat zouzebereeden a ganz bewosst ze genéissen? An och wësse mer net ëmmer, wou eis Liewensmëttel hierkommen?
Bei der Ecole de Goût ginn et Äntwerten op all dës Froen. Si bidden interaktiv Schmaach-Atelieren a Workshoppe fir Kanner a jonk Erwuessener un, mam Zil d'Iessen erëm mat alle fënnef Sënner ze (er)liewen, d'Freed an de Virwëlz un de Liewensmëttelen ze fërderen an d'Identitéit mat der lokaler Iesskultur ze stäerken. A spezifesche Formatioune kréien d'Acteuren aus der Educatioun d'Méiglechkeet, méi iwwer d'Sënnes-Schoulung an hir praktesch Uwennung gewuer ze ginn, awer och sech selwer als Konsument weiderzebilden. Fir ee Bewosstsinn fir eng nohalteg Iesskultur ze schafe gëtt grousse Wäert op Zesummenaarbecht mat de regionale Produzenten an Profien aus der Liewensmëttel-Branche geluecht.
Méi Detailer iwwer d'École du Goût ginn et mam Laurent Baulesch, dem Gestionnaire vum Projet an der Ernärungsberoderin Simone Dégardin.