Dagdeeglech
De veganen Tipp mam Marie: Zimtschnecken
Dir braucht fir den Deeg:
125 ml wotlech Mëllech (Huewer oder Soja z. B), (an engem klengen Deppen oder an der Mikrowell opgewiermt)
1 Kaffisläffel Zocker
1 Pak (7 g) dréchen Hief
2 Zoppeläffel Zocker
2 Zoppeläffel Margarine (geschmolt)
225 g Miel (am beschten Typ 550 Weessmiel)
Fir d'Fëllung:
2 Zoppeläffel Zocker
1 Zoppeläffel Kanéil-Pudder
2 Zoppeläffel Margarine
Fir d'Zockerglasur:
100 g Pudderzocker
1 Zoppeläffel Mëllech
Zoubereedung:
Déi wotlech Mëllech, den Zocker an déi dréchen Hief verréieren
D'Miel, den Zocker, den Hief-Mix an déi geschmolte Margarine vermëschen
Fir 5 Minutte knieden (mat den Hänn oder mam Mixer)
Den Deeg 1 Stonn raschte loossen
Den Deeg ausrullen, am beschte manner wéi 1 cm deck an an der Form vun engem Rechteck
D'Fëllung um Deeg verbreeden
Den Deeg elo der Längt no oprullen
D'Deeg-Rull a Stécker schneiden, net ze grouss
D'Zimtschnecken fir 1,5 Stonnen roueg stellen (fir datt den Deeg weider opgeet)
De Schäffchen op Ober-/Unterhitze 180 Grad virwiermen
D'Zimtschnecken fir 30-25 Minutte bei Ober/Unterhitze 180 Grad op engem Bakblech mat Bakfolie baken, bis se gëlle-giel sinn
Fir nach méi séiss Zimtschnecken, eng Zockerglasur aus der Mëllech a Pudderzocker zesummeréieren, an iwwer déi wotlech Zimtschnecke verdeelen
D'Zimtschnecken am beschte waarm zerwéieren
Episoden
Virun 91 Joer stierft den Tony Dutreux
Lëtzebuerger Ingenieur a Politiker
Viru 24 Joer stierft d'Micky Bintz-Erpelding
Lëtzebuerger Radio-Speakerin, Sängerin, Schauspillerin a Politikerin
Virun 144 Joer koum d'Marie Speyer op d'Welt
Lëtzebuerger Germanistin a Léierin
Virun 116 Joer koum de Jean-Pierre Büchler op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Agronom
Viru 40 Joer stierft de Victor Bodson
Lëtzebuerger Affekot a Politiker
105. Doudesdag vum Dominique Lang
Lëtzebuerger Moler
Virun 28 Joer ass d‘Ella Fitzgerald gestuerwen.
Eng vun de gréissten Jazz-Sängerinnen aus dem 20. Joerhonnert
Virun 173 Joer koum de Jean-Pierre Knepper op d'Welt
Lëtzebuerger Architekt an Amateur-Historiker
Virun 120 Joer Mëtteleuropäesch Zäit
Den 1. Juni 1904 gouf hei am Land duerch e Gesetz vum 10. Mee déi Mëtteleuropäescher Zäit als Eenheetszäit am ganze Land ageféiert.
Viru 95 Joer stierft den Alphone Rupprecht
Lëtzebuerger Policebeamten, Pilz-Kenner, Historiker an Auteur
65 Joer fir de Ranga Yogeshwar
Lëtzebuerger-Indesche Physiker, Auteur, Redakter an Tëlee-Moderator
157 Joer Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg
Johny Flick
Lëtzebuerger Geowëssenschaftler a Sänger
![© European Union 75 Joer fir de Jean Asselborn | © European Union](/1_Foto/100komma7.lu/106909/image-thumb__106909__base_thumbnail/Jean%20Asselborn_1.5ec4c55c.jpg)