Oder Makkaroni am Schäffchen. E beléifte Menü an den USA, mee d'Traditioun kënnt aus Italien, wéi hei nozeliesen ass.
Vegan Mac and Cheese
Dir braucht:
120 Chashew-Nëss (am beschten am Waasser ageweecht fir ongeféier 2 Stonnen, fir dass se méi mell fir de Mixer sinn)
25 ml Zitrounejus
110 ml Waasser
Salz & schwaarze Peffer
10 g Hiefflacken
1 Kaffisläffel Chili Pudder
1 Knuewelek-Zéif
1 Kaffisläffel Kurkuma Pudder
1 Kaffisläffel Moschter (am beschte gielen oder schaarfen)
300 g Nuddelen (am beschte Macaroni)
Eventuell 200g vegane gerappte Kéis
Zoubereedung:
D'Nuddele kachen
Am Mixer d'Cashew-Nëss, den Zitrounejus, d'Waasser, Salz & Peffer, den Chili-Pudder, de Knuewelek, de Moschter mixe bis et eng cremeg Konsistenz huet (falls d'Konsistenz ze déckflësseg ass, nach e puer Zoppeläffel Waasser dobäimaachen)
D'Zooss bei d'Nuddelen dobäi mëschen, an eventuell mat e puer Chili Flacken dekoréieren
Fir nach méi kéisege Geschmaach, d'Nuddele mat der Sauce am Schäffchen mat Kéis iwwerbaken, bei Ober-/Unterhitze 180 Grad fir 20 Minutten