arrow_back_ios
Magasinn
Raymond Weber: E passionnéierte Mënsch
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Et gi ganz vill engagéiert Mënschen, déi sech privat a professionell mat all hirer Energie asetzen, a meeschtens sinn dat Mënschen, déi sech selwer ni an de Mëttelpunkt stellen. Dës Iwwerleeung passt op alle Fall op den Invité an der aktueller Episod vu "Sot emol", de Raymond Weber. Hien ass e Mënsch, dee sech direkt fir e puer Beräicher passionéiert an zu senge Passiounen zielen: Kultur, Afrika an Entwécklungspolitik, grad wéi de Enseignement.
Politik a Gesellschaft