Eng Taass Kaffi fir mat op de Büro, dat maachen der jo vill, déi sech iergendwou ënnerwee e Kaffi oder waarmen Téi siche ginn. Dat Gedrénks ass da meeschtens an engem Plastiks- oder Pabeiersbecher a geet duerno an d'Poubelle. Fir deem entgéint ze wierken, huet d'Stad Lëtzebuerg d'Cup2Go, (3.000) Bechere maache gelooss. Bei de Porzeläinstasen oder Becheren ass et net nëmmen ëm d'Waarmhale vum Gedrénks gaangen, mee et sollten och keng gëfteg Inhaltsstoffer dran ze fanne sinn. E Projet, deen e puer Joer an der Maach war.
Informatioune mam Patrick Goldschmidt, Responsabel fir den Environnement bei der Stad Lëtzebuerg.