Let's talk about Belval ! Dëst Semester schaffen d'Studenten an d'Studentinnen vum Architekturmaster vun der Uni Lëtzebuerg op 20 Joer Urbanismus zu Belval. An entwäerfe Pläng, fir méi Liewensqualitéit op de Site ze kréien an den aktuellen Defien vum Klimawandel gerecht ze ginn.
Fir d'Zukunft besser ze plangen, musse mer mat Humilitéit bereet si Feeler zouzeginn, mengt am Fräie Mikro den Unisprofesser Denis Scuto.