arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Drauwen, d'Uebst vun de Gëtter, net nëmme gutt fir Wäin

Drauwen, d'Uebst vun de Gëtter, net nëmme gutt fir Wäin

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

17 min

Drauwen sinn eng vun den eelsten Uebstzorten, déi eis bekannt sinn, et gëtt se schonn esou laang, datt een net méi richteg novollzéie kann, vu wou se hierkommen.


Laang goufen Drauwen haaptsächlech gebraucht fir Wäin ze maachen, mee lues a lues goufen ëmmer méi Zorte geziicht, déi éischter fir de Konsum geduecht waren, méi séiss, méi eng dënn Haut a méi rezent, och ouni Kären.


Et ass eng interessant Zort vun Uebst, net esou wéinst hirem Gehalt u Vitaminnen, mee éischter wéinst de Planzestoffer, déi si enthalen, an déi als Antioxidanten eng schützend Wierkung op eise Kierper an op d'Entwécklung vu chronesche Krankheeten hunn. An och wa se vill Drauwenzocker enthalen, si sinn trotzdeem keen Tabu fir Leit mat Diabetes.


Rezept Iddien:


Drauwe kann een natierlech einfach esou frësch als Tëschemoolzecht oder Dessert iessen, si passe gutt an eng Uebstzalot, wou een dann och ka mat de Faarwe spillen. Et kann een Drauwen och fir op eng Taart gebrauchen, wéi Kiischten oder Mirabellen. Wann een z. B. mat verschidden Drauweformen a Faarwe spillt, kann ee ganz dekorativ Kreatioune maachen.


Och an Desserte wéi Clafoutien oder Crumble loosse sech Drauwe gutt verschaffen, an agekacht, als Gebeess oder Chutney, kënne si ganz villsäiteg agesat ginn.


Drauwen eegene sech awer och ganz gutt fir bei méi gehäerzte Liewensmëttel giess ze ginn, wéi z. B. bei engem Kéisplateau, réi Ham oder Paté. Si passe gutt a Rezepter mat wäissem Fleesch, wéi Gefligel, Hues oder Schwäin, wou si dann eng séiss/saierlech Nout ginn.


Gedréchent als Rosénge kann ee se z. B. am Müsli iessen oder am Couscous. Zesumme mat Äppel an enger Taart oder engem Strudel verschaffen an natierlech net ze vergiessen am Kiermeskuch oder am Chrëschtdagsstollen.


Informatioune mat der Dieteticiene Sylvie Paquet


Referenzen:



www.diabetes-news.de - Lebensmittelkunde Weintrauben

eatsmarter.de

Le raisin : l'automne en grappes


Episoden

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow
Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow
Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen | © Bigstock

Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen

Diabetes am Aarbechtsalldag: Erausfuerderungen, Mythen an d’Roll vum Employeur, de Kolleegen a Betraffen
headphones

4 min

play_arrow
Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

De Joresufank ass d’Zäit vun de gudde Virsätz. Méi gesond iessen ass ee vun deene beléiftsten.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien? | © Bigstock

Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien?

Wiem kann esou eng Berodung hëllefen, a wéi eng Sujete ginn an enger Ernärungsberodung behandelt?
headphones

12 min

play_arrow
Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech? | © Bigstock

Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech?

En Abléck an déi neurobiologesch an ernärungswëssenschaftlech Mechanisme vu Fast Food souwéi Strategië fir méi bewosste Genoss
headphones

9 min

play_arrow
Gesond Zosen | © Bigstock

Gesond Zosen

Ze fetteg, ze salzeg oder ze mielzeg, da léiwer drop verzichten, oder net?
headphones

12 min

play_arrow
Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8 | © Bigstock

Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8

Eine neue europaweite Studie soll dabei helfen, Adipositas einzudämmen - worum geht es.
headphones

14 min

play_arrow
Fäerdegproduiten | © Bigstock

Fäerdegproduiten

Si se wierklech esou schlecht, wéi ëmmer gesot gëtt?
headphones

8 min

play_arrow
Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng | © EHTL

Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng

2025 mécht d’EHTL en zweete Campus zu Wickreng op a bréngt seng Expertise méi no bei d’Schüler:innen aus dem Süde vum Land.
headphones

6 min

play_arrow
Boxemännercher, Liefkuch a Stollen

Boxemännercher, Liefkuch a Stollen

Beléifte Schneekegkeete verbonne mat Traditioun, déi eis op Niklosdag, Advent a Chrëschtdag astëmmen.
headphones

11 min

play_arrow
Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese? | © Bigstock

Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese?

Nicht lebensnotwendig aber hilfreich? Was ist dran an Polyphenolen, Karotenoiden, Pflanzensterolen und anderen?
headphones

7 min

play_arrow
Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill | © vitaliymateha / Pexels

Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill

Kann een ouni Regime just mat méi ongewéinlechem Besteck ofhuelen?
headphones

8 min

play_arrow
Wat ass Prädiabeetes?

Wat ass Prädiabeetes?

Prädiabeetes bleift dacks laang onentdeckt. Dobäi ass en e wichtegt Warnzeechen. Mat Ernärung a Beweegung léisst sech d’Entwécklung dacks nach ophalen.
headphones

4 min

play_arrow
Mat Pumpkins den Hierscht gesond a kreativ genéissen | © Bigstock

Mat Pumpkins den Hierscht gesond a kreativ genéissen

Beléift fir ze iessen an als Dekoratioun
headphones

10 min

play_arrow