arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Gesond Kichekraider och am Hierscht an am Wanter

Gesond Kichekraider och am Hierscht an am Wanter

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

18 min

D'Virdeeler vun de Kraider net nëmmen an der Kichen mee och hier Roll bei méi deftegen Platen an hier Wierkungen bei der Virbeugung vun verschidden Krankheeten.


Gesond iessen heescht och wéineg Salz, Fett an Zocker gebrauchen, an esou derzou bäidroen eng Rei Krankheeten hëllefen virzebeugen. Etüden an d' Erfarung weisen dass eng Ëmstellung op eng Ernierung déi manner Salz enthält, bei ongeféier 50 % vun Läit mat héijem Bluttdrock effikasse ass. Dös Ëmstellung ass vill méi einfach ass wann een méi Kraider a Gewierzer verschafft. Salz gëtt erofgesat, fir dass d'Iessen awer net fad schmaacht ginn a Platz méi Kraider a Gewierzer gebraucht. Esou gëtt progressiv d'Empfannen vun gehäert duerch bewosst schmaachen vun neien wierzegen Goûten vun Kraider verännert. Op dös Fassong kann een Schrëtt fir Schrëtt manner salzen, an awer de Pleséier um Iessen erhalen. Wann een Allergien huet, soll en och drun denken dass verschidden Kraider a Gewierzer oder Mëschungen kënnen Allergien ervirruffen


Mat der Dieteticienen Lis Muller


Hier Rezept Iddien:


Dir kritt e fein parfüméierten Olivenueleg wann der e puer Blieder Basilikum dran zéien loosst E bësschen Pesto gëtt duer fir banal Vollkarnuddelen oder Räis flott ze wierzen. Mat Rosmarin am Ueleg marinéiert zoubereet maacht der aus Gromperen am Schäffchen eng besser Alternativ zu Fritten. Charcuterie gëtt gären giess net onbedéngt wéinst dem héigen Fettgehalt a Salzgehalt , mee well et gehäerzt a wierzeg schmaacht. E Kraitchen dat vill dodran verbraucht gëtt ass de Mairon och Traipenkreitchen genannt . Hei ass ervir ze hiewen dass Träipen hautdesdaags oft net méi esou fetteg sinn wéi fréier, an se roueg um Hierscht- a Wantermenü eng Platz am gesonden Iessen hunn. An Däitschland gëtt Majoran och Wurstkraut genannt. .Et huet en fein blummegen, licht schaarfen wierzegen Aroma, dee gutt zu fettaarmen Alternativen zu Charcuterie harmonéiert: Z.B..b. crème de Thon, oder Roud -Bounenpasta .Probéiert aus, mat der Zäit entwéckelt der esou eng méi kreativ Kichen wou gesond iessen Spaass mécht.


Basiskraider:


Den Klassiker wou jiddereen kënnt ass de Péiterséileg woubäi de platten Péiterséileg am meeschten Geschmaach huet. Et kann een en praktesch iwwerall verschaffen, en harmoniséiert gutt mat Knuewelek z.b. bei gréngen Bounen, Champignon, Gromperen am Schäffchen, Schwëngsbrod,


Bratzelen oder och Schnëttléfchen genannt,gehéieren zu der selwechter Famill wéi Ënnen a Schallotten, enthalen awer manner Schwiefelstoffer wat deen méi doucen Goût ausmécht.


Si sinn méi wéi just en Dekor um Teller, a passen gutt zu wäissem Kéis, Omlett, Gromperenzalot,a Vinaigretten.


Basilikum schmaacht fruuchteg schaarf mat séisselzegen Nouten. Aus der italienescher Kichen kënnen mer en a Kombinatioun mat Tomaten a Mozzarella, e passt och gutt zu Courgetten, Ratatouille, Poulet.


Références :


Bown, D. (2001). DuMont's Große Kräuter-Enzyklopädie RHS Encyclopedia of Herbs & their Uses . DuMont.


Felten, P., & Zimer, G. (2016). Heilpflanzen und Gewürzkräuter. revue.


Guérard, M. (2017). Mots & Mets. Seuil.


Lecerf, J.-M. S.-L. (2020). Nutrition préventive et thérapeutique. Elsevier Masson.


Richard, H. (1992). Epices et aromates. Lavoisier - Tec&Doc.


Vierich T, V. T. (2017). Aroma die Kunst des Würzens. Stiftung Warentest.


Zenter fir d'Letzebuerger Sprooch. (2021). Vun Dréischel bis Kréischel 294 Uebst- a Geméiszorten, Kraider, Gewierzer an Nëss. ZLS a SCRIPT

Episoden

Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen | © Bigstock

Daarmgesondheet & de Mikrobiom verstoen

Wéi d’Daarmflora Verdauung, Immunsystem a Wuelbefanne beaflosst – a wat Dir selwer fir Är Gesondheet maache kënnt.
headphones

7 min

play_arrow
Haut ass de Bee Day | © Bigstock

Haut ass de Bee Day

Gesond Ernärung mol aus enger anerer Perspektive gekuckt.
headphones

14 min

play_arrow
Falsch Informatiounen iwwer Ernärung an de Soziale Medien | © Bigstock

Falsch Informatiounen iwwer Ernärung an de Soziale Medien

Wéi bréngen Instagram-Influencer et fäerdeg fir falsch Informatiounen iwwer Ernärung ze verbreeden?
headphones

12 min

play_arrow
Fréijoersmiddegkeet: D'Sonn ass do, an d’Energie fort - wat leeft falsch? | © Bigstock

Fréijoersmiddegkeet: D'Sonn ass do, an d’Energie fort - wat leeft falsch?

Firwat mir eis am Fréijoer dacks midd spieren - a wéi Ernärung, Beweegung an Alldagstippen hëllefe kënnen, nees méi Energie ze kréien.
headphones

5 min

play_arrow
Clever Iesse fir e fitte Kapp! | © Bigstock

Clever Iesse fir e fitte Kapp!

Wëssenschaftlech Erkenntnisser weisen, datt eist d'Iessen e groussen Impakt huet op eist Gehier, eis Emotiounen a souguer op méiglech psychesch Erkrankungen.
headphones

10 min

play_arrow
Eng ënnerschätzte Knoll, déi et a sech huet | © Bigstock

Eng ënnerschätzte Knoll, déi et a sech huet

Roll vun der Gromper an der gesonder Ernärung
headphones

11 min

play_arrow
Déifgefruere Liewensmëttel, besser wéi hire Ruff? | © Bigstock

Déifgefruere Liewensmëttel, besser wéi hire Ruff?

Iessen aus dem Tifküler, praktesch am Alldag an e Schlëssel fir manner Liewensmëttelverschwendung
headphones

7 min

play_arrow
Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt | © Bigstock

Gesondheetswëssen - a wat domat geschitt

Informatioune ginn et genuch - mee net alles ass hëllefräich. Wéi fanne mir zouverlässeg Gesondheetsinformatiounen an ëmgoe mir Mythen?
headphones

6 min

play_arrow
Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung? | © Bigstock

Séisswaasserfësch - Eng vergiesse Ressource an eiser Ernärung?

Wéi eng Roll spille Séisswaasserfësch an enger gesonder Ernärung a wat ass den Ënnerscheed zu de Mieresfësch?
headphones

12 min

play_arrow
Gesond al ginn | © Bigstock

Gesond al ginn

Wat kann ee maache fir gesond al ze ginn a méiglechst laang gutt ze liewen? Mir beschwätzen d’Resultater aus der Fuerschung am Beräich Ernärung a Sport.
headphones

12 min

play_arrow
Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter | © Bigstock

Zoppen, e gesonde Comfort food fir all Alter

Zoppe si beléift a sinn eng Opwäertung vun eisem Iessen. An dat net nëmmen am Wanter.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst | © monkeybusinessimages / Bigstock

Wéi d'Ernärung eis Stëmmung beaflosst

Wéi beaflosse Bluttzocker, Daarmgesondheet a Stresshormoner eis Stëmmung? E Bléck op wëssenschaftlech Zesummenhäng a praktesch Ernärungstippe fir méi mental Stabilitéit am Alldag
headphones

7 min

play_arrow
Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL | © astropix / Bigstock

Le Laboratoire d’analyses sensorielles de l’EHTL

Un laboratoire dédié à l’analyse sensorielle, à la formation et aux services professionnels pour évaluer scientifiquement la qualité des aliments.
headphones

9 min

play_arrow
E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow
Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow