Rezept vum Marie Schockmel
Aus dem Tierkeschen iwwersat bedeit dat esouvill wéi Dattele mat Pistaschcrème. Wann engem Baklava, e bekannten Dessert aus der Tierkei, gutt schmaacht, dann ass och dëst Rezept genee dat Richtegt:
Fıstıklı Hurma / Dattelen mat Pistaschcrème
Dir braucht:
200 g Pistaschkären
50 g vegane Botter/ normale Botter
2 Iessläffelen Pudderzocker
Ongeféier 20 Mejdool-Dattelen
Zoubereedung:
Pistaschkäre schiele an zu enger Pudderform mixen
Pistaschpudder fir e puer Minutten ouni Fett an enger Pan réischteren
De geréischterte Pistaschpudder an eng Schossel maachen
De Botter an enger Pan zergoe loossen an de Pudderzocker dobäi streeën
Déi geréischtert Pistaschpudder bei de Botter an der Pan dobäi ginn
Fir et nach méi cremeg ze maachen, einfach 1 bis 2 Zoppeläffelen Waasser dobäi ginn an alles verréieren
Kären aus den Dattelen eraushuelen an d'Dattelen der Längt no opschneiden
An all Dattel ee Kaffisläffel vun der waarmer Pistaschcrème fëllen
Dattelen an de Frigo stellen an dono kal genéissen
Buch: "Orient trifft vegan"
Autor: Serayi
Verlag: GrünerSinn Verlag