De William Frederick Cody, gebuer 1846, krut de Spëtznumm Buffalo Bill, well hie mat Succès Bisone gejot huet. Ee Journalist huet de Cody du mat Theaterstécker, Reportagen an Erzielungen als Buffalo Bill bekannt gemaach ... och mat Iwwerdreiwungen a Klischeeën iwwer de Wëlle Westen.
Haut op den Dag virun 116 Joer, den 3. September 1906, war hie mat senger Show, un där eng 800 Mënschen a 500 Päerd deelgeholl hunn, zu Lëtzebuerg. No der Show war d'Enttäuschung beim Public awer grouss: vill ze deier fir dat wat gebuede gouf ... an et wier, Zitat: "eng eitel amerikanesch Flunkerei gewiescht".