Summer, Sonn, Vakanz, ... an en Hit
Paul Heber
12 min
Zanter 2008 ass den Invité Spriecher bei der Unicef Lëtzebuerg. Seng Aarbecht ass fir hien a seng Ekipp net ëmmer einfach. Eng flaach Hierarchie, an eng oppe Kultur mat Passioun sinn him hei wichteg. An och am Private geet fir hien näischt ouni Passioun.
Dee jonke Familljepapp bedauert net méi esou vill Zäit ze hu fir Sport ze maachen. Wann et awer méiglech ass, geet hie lafen.
"Beim Lafen ass ee mat sech eleng, dat ass eng Erausfuerderung fir Zäit mat sech selwer ze verbréngen, eppes wat ze kuerz kënnt an dëser Zäit."
Fir d'Batterien opzeluede war de Paul Heber dës Summervakanz an d'Bretagne.
Säi Summer Wonschlidd: "Cold Heart (Pnau Remix)" vun Elton John & Dua Lipa
Eng Serie vum Angie Maquil
Episoden
Manuel Ribeiro
De Chef ass de Mupp, dat gëllt fir d'Vakanz mam Campingcar. Am Artikus ass hien de Chef als artisteschen Direkter.
Carl Adalsteinsson
Kultur inspiréiert all Dag, seet den Direkter vum Centre des Arts Pluriels.
Luka Heindrichs
Hien ass Matgrënner vun der Bar a Musek Club Gudde Wëllen, bedeelegt un der Organisatioun vun diverse Festivaller a Familljepapp.
Marie-Christiane Nishimwe
D'Sopranistin a Schauspillerin séngt lyresche Sopran an ass a ville wichtegen europäeschen Haiser fir den Theater an déi klassesch Musek opgetrueden.
Martina Menichetti
D'Multiinstrumentalistin a Musekvermëttlerin ass e Sproochentalent, vermëttelt Musek u Kanner, Jugendlecher an Erwuessener a mécht och selwer Musek an hirer Formatioun Authentica.
Jean Portante
Vakanz am Sënn vun e puer Wochen näischt maachen, läit dem lëtzebuergesche Schrëftsteller, Iwwersetzer, Editeur a Journalist net, awer hie reest ganz vill.
Simone Beck
Dëse Summer stoung Osteuropa an de Baltikum ënner anerem op de Rees-Destinatioune vun der Presidentin vun der Unesco Kommissioun.
Georges Urwald
Bei Handwierks-Aarbechte kann de Museksproff, Museker a Komponist wonnerbar entspanen ... And the living is easy.
Raphaël Betti
Eng Faszinatioun fir Cocktailen ze mixen, an eng Invitatioun fir d'Bartender-Weltmeeschterschaft an Australien.
Julie Sauerwein
Si ass eng vun eise Student:inne fir de Summer, hei um radio 100,7, an ass begeeschtert am Archiv vum Radio ze moschteren.
Carlo Glod
De 24 Joer jonke Student studéiert Architektur an Archeologie, ass Scoutechef, Member bei Speedcubing Lëtzebuerg an Trainer an der Kaizen Parkour Academy
Jana Kaulmann
D'Kënschtlerin wëllt hir Konscht notzen, fir eppes ze beweegen oder virun allem fir en Ustouss ze gi fir nozedenken.
Simone Mousset
Kënne mir mat eise Stëmmen a Kierperen eis Ëmwelt radikal veränneren, freet Choreographin an hirer neier Produktioun.
Rozeen
Vun der Klassik bei Indie Pop a Souljazz. Déi jonk lëtzebuergesch Sängerin, mat polnesche Wuerzelen, huet hir éischt EP kierzlech opgeholl.
Tanja Forette
Aus engem Hobby gouf eng Liewensaufgab. D'Tanja Forette an hir Muppe sinn ausgebilt fir Déieren ze sichen, déi fortgelaf sinn.
Corinne Kox
Studium: Biologie, Human Medezin, mat Stagen am Journalismus, Fuerschungsaarbechte beim Ministère. Beruff haut: Wënzerin
Lukas Held
Philosophie verständlech an zougänglech fir Jiddweree maachen, ee vun den Objektiver vum Philosoph a radio 100,7-Mataarbechter Lukas Held.
Lisa Borgioni
Glacë fir d'Muppen elo am Summer, an och soss gëtt gutt opgedëscht fir d'Muppen doheem bei der Ernärungsberodin fir Muppen a Kazen.
Paul Heber
Ouni Passioun keen Engagement, fir den Paul Heber, vun Unicef Lëtzebuerg
Michèle Mannes
Vu Landschaftsgäert an de Wéngert. D'Wënzerin ass eng weider Quereinsteigerin, déi de Familljebetrib iwwerholl huet.
- 1
- 2