Aktuelles
Earth Overshootday
3 min
Haut, den 28. Juli, ass dee sougenannten Earth Overshoot-Day - also deen Dag, op deem mir, global gesinn, all d'Ressourcë verbraucht hunn, déi mir an engem Joer zegutt hätten. Et ass een Dag méi fréi wéi zejoert. D'Mënschheet bräicht also 1,75 Planéite fir de globale Verbrauch ze decken.
Fir Lëtzebuerg läit den Overshoot-Day allerdéngs scho vill méi fréi am Joer - nämlech de 14. Februar. Just Katar huet nach ee méi grousse Verbrauch an CO2 Foussofdrock. Eng Léisung wier eng zirkulär Wirtschaft, mengt de President vum Nohaltegkeetsrot Romain Poulles. Ënner anerem misst och déi national Wirtschaft no aneren Indicateure wéi dem Bruttoinlandsprodukt bewäert ginn. Mat esou engem neien Indicateur hätt een ee weltwäite Verglach an ee Gefill dofir, wou gehandelt misst ginn, esou nach de Romain Poulles vum Nohaltegkeetsrot.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)