Dagdeeglech
Viru 26 Joer: Welteelste Flütt fonnt
Eng Fütt, aus Schanke vun engem Bier sculptéiert, mat véier Grëfflächer, déi véier Tounlage spille kann. Déi sougenannten Neandertaler-Flütt louch an der Hiel niewent engem Uewen, deen deemools vun Neandertaler benotzt gouf.
Obwuel just e Fragment vum Instrument erhale blouf, erzielt dat uraalt Instrument vill doriwwer, wéi eis Virfare Musek gespillt hunn, wat fir eng Bedeitung dës an hirem Liewen hat. Mee mat där Decouverte gouf och bekannt, datt d'Neandertaler déi éischt mënschlech Virfare waren, déi Musek mat Instrumenter gemaach a gespillt hunn.