Dem Kinnek Leopold III gouf nom Zweete Weltkrich reprochéiert 1940 ze fréi virun der Wehrmacht kapituléiert a mat de Nazie kollaboréiert ze hunn. An engem Referendum hu sech 58 Prozent vun de Belsch fir de Leopold entscheet, mee deen ass kuerz drop zeréckgetrueden, nodeems et bei wallouneschen Aarbechter zu schwéieren Onroue koum.
Haut op den Dag virun 71 Joer, den 17. Juli 1951, leet säi Bouf, de Prënz Baudouin, den Eed op d'Verfassung of a gëtt de fënnefte Kinnek vun de Belsch.