Bewosst Gesond
De Meniskus soll net systematesch eraus operéiert ginn
5 min
"Sauver le ménisque", dat ass d'Devis vun den zwee Professere Philippe Beaufils a René Verdonk. Zwee Pionéier, déi weltwäit fir hir wëssenschaftlech Aarbecht iwwer Meniskus-Reparaturen an -Transplantatiounen bekannt sinn.
Eng vun den heefegsten Erkrankunge vun de Knéigelenker sinn d'Meniskus-Verletzungen. D'lescht Woch hat de Stater Centre Hospitalier op e Kongress invitéiert, bei deem et ëm d'Meniskus-Chirurgie gaangen ass. An hei ass eppes ganz kloer ginn. De Meniskus soll net méi systematesch erausoperéiert ginn. D'Marlène Clement informéiert.