Kannerkëscht
Wéi eng Faarwe gesinn Insekten?
7 min

Salut Kanner! Éier mir bei d'Experiment ronderëm Faarwen an d'Insekte kommen, nach dëst. Elo lues awer sécher kënnt d'Zäit vun der Vakanz. Déi meescht vun iech wäerten och scho wëssen, wou et hi geet. Mee Kanner huelt emol un, mir géifen hei an Europa ufänken en Tunnel ze gruewen, dee riicht duerch de Kär vun eiser Welt géif goen, kënnt dir Iech virstellen, wou deen dann eraus kéim?... Richteg, an Australien.
Australien ass e Kontinent, deen am Fong vun eis aus gekuckt, op där anerer Säit vun der Welt läit. A wann ee un Australien denkt, dann denkt ee virun allem och u Känguruen a Koala-Bieren oder och nach un déi wonnerschéi Koralleriffer.
A well Australien elo genee op där anerer Säit un der Welt läit, ass och villes anescht. Wéi zum Beispill wann et bei eis Dag ass, ass et an Australien Nuecht. Wa bei eis Summer ass, ass an Australien Wanter, an och den Nuetshimmel gesäit an Australien anescht aus wéi bei eis. D'Stärekonstellatiounen, déi d'Australier nuets gesinn, gesi mer op alle Fall net.
Australien ass och dee Klengste vun alle Kontinenter, déi mer kennen a wou Mënsche liewen, an et ass och deen eenzege Kontinent, dee komplett op der südlecher Hemisphär läit, dat heescht vun eis ausgesäit op der ënneschter Hallschent vun der Welt, déi duerch den Äquator gedeelt ass.
Australien ass wuel e Kontinent, awer och e Land an et gehéiert als Land zu Comonwealth of Nations, dat sinn zimmlech all déi Länner, wou déi englesch Kinnigin Elisabeth d'Staatscheffin ass. Déi gréisst Stied an Australie si Melbourne, Sydney, mat senger ganz bekannter Oper, Perth, Darvin a Canberra, wat och d'Haaptstad vun Australien ass.
Bannen am Land vun Australie kann ee stonnelaang mam Auto fueren ouni e Mënsch ze gesinn, deen Deel vun Australie nennt een den Outback. An d'Kanner an deem Deel vun Australien kréien iwwer Funk Schoul gehalen. Et ginn nach Urawunner, an déi liewe bal komplett oder op d'mannst dräivéierel vun hinnen an enger Géigend, déi Northern Terrotories heescht.
Bekannt ass Australien awer fir seng Déieren, besonnesch déi léif Koalabieren, Känguruen, oder Emuen, déi bal wéi Straussen ausgesinn, an dann eng räich Ënnerwaasserwelt fanne mir och an Australien an do besonnesch dee gréisste Koralleriff vun der Welt, de Great Barrier Reef, deen ass 2.000 Kilometer laang an 300 Kilometer breet, a do fënnt ee ganz faarweg Fësch, Haien an ganz ganz vill verschidde Korallen, déi een op kee Fall plécken dierf. Well dat scho vill ze vill Leit gemaach hunn, ass scho bal een Drëttel vum Great Barrier Reef gestuerwen. Op alle Fall ass Australien e ganz schéint Land, an wann dir eng Kéier do hinner gitt, passt ganz gutt op d'Natur op.
An eisem Experiment vun der Woch geet et ëm Insekten. An zwar net op, firwat a wéi schlëmm Insekte picken, nee. nee. Et geet dorëms, wat Insekte gesinn oder nach méi genee gesot, wéi eng Faarwen Insekte gesinn. A wat mengt dir, wéi eng Faarwen et sinn? Iwwerleet elo ganz séier a gesitt dann herno, ob dir Recht huet, well d'Michèle Weber vu Science.lu an de Jean Claude Majerus schwätzen genee doriwwer.
Hei ass dann och de Link: Wéi eng Faarwen kënnen Insekte gesinn?
Episoden

Der Nonna Rosa hire legendäre Valentinsdag
De Jos, eise léiwe Lausbouf, ass déi Kéier komplett op Vältesdag fixéiert, fir der Nonna Rosa eng riseg Iwwerraschung ze maachen.

Dem Mukami säin onvergiessleche Vältesdag
De Pit ass amgaange sech fäerdeg ze maache fir Vältesdag an de Kino ze goen, awer net mam Mukami. Doriwwer ass de Mukami guer net frou. Da feiert en eben säin eegent Vältesdingsifest!

De Päiperleksclodi
Wéi schéin wier et dach nëmmen esou fléien ze kënnne wéi de Päiperlek, denkt sech de Clodi voller Bewonnerung fir dat klengt Déierchen, wéi et viru seng Nues flitt. Sollt säi Wonsch sech dann elo verwierklechen?

Déi gro Kaz an déi geheimnisvoll Dier
Eng aarm Stroossekaz ouni Numm ass op der Sich no enger waarmer Schlofplaz un engem kale Wanterdag. Si entdeckt eng geheimnisvoll Dier an engem alen Eechebam am Bësch. Wat kéint sech do hannendrun verstoppen?

Wantergeschicht: Dem Här a Madamm Schouster hire schéinste Chrëschtdag
Am Dan Tanson senger Wantergeschicht, déi der elo kënnt lauschteren, geet et ëm Schong. Well, wien ass dat, deen dem Här a Madamm Schouster déi schéinste Puer Schong bitzt?

Wantergeschicht: De Metty Wollef
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir Iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Metty Wollef.

Wantergeschicht: Den éischte Schnéi
D’Wantergeschicht vum Dan Tanson, déi dir elo an der 100,7-Kannerkëscht kënnt lauschteren, heescht “Den éischte Schnéi”.

Dem Bop seng Moulen
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.

Et tockt beim Wanja an der Nuecht
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren.

De Roude Kueder
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech besonnesch elo an der kaler a groer Joreszäit Wantergeschichten, fir gemittlech nieft der Schminni ze lauschteren. An dëser Geschicht geet et ëm de Roude Kueder.

D’Iess-Course
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech och e puer Déieregeschichten, déi den Dan Tanson fir iech realiséiert huet. An dëser Geschicht geet et ëm eng Iess-Course.

D’Geschicht vum Schleek
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech och e puer Déieregeschichten, déi den Dan Tanson fir iech realiséiert huet. An dëser Geschicht steet e Schleek an eng Giraff am Mëttelpunkt.

D’Geschicht vun der Schwanzspëtzeschwammkap
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech och e puer Déieregeschichten, déi den Dan Tanson fir iech realiséiert huet. An dëser Geschicht geet et ëm eng Schwanzspëtzeschwammkap.

D’Geschicht vum Igel an der Heck
An der Kannerkëscht vum radio 100,7 proposéiere mir iech och e puer Déieregeschichten, déi den Dan Tanson fir iech realiséiert huet. An dëser Geschicht geet et ëm eng Schwanzspëtzeschwammkap.

De Kleesche kënnt!
Et wäerten, Land op, Land of, vill Kanner um Dill sinn, well et ass Niklosdag.

De Kapitän Mullebutz an de gëllene Plektrum
De Kapitän Mullebutz war op Besuch. Hien ass komm fir iech en neit Lidd ze sangen. Et war schonn alles prett, an do koum déi schrecklech Nouvelle: de Kapitän Mullebutz huet säi Liblingsplektrum, e gëllene Plektrum, net méi fonnt. Wat ass geschitt?

De Jos an d'Léisegeld fir de Roby Robocat
De Jos, de Bop an de Loulou hate sech jo e Roboter gebaut, de Roby Robocat, an deen ass bal zu engem Deel vun der Famill ginn. Mee elo, et ass schrecklech, de Roby Robocat ass verschwonnen. Gouf e gekidnappt? Et gouf Léisegeld gefrot.

Wéi eng Substanz ass et?
Stellt iech emol vir, dir hutt e klengt Dëppche mat engem wäisse Pudder dran, an dir wësst net, wat et ass. Wat da maachen? An eisem Wëssenschaftsstudio vun der Kannerradionuecht hunn d’Michelle Weber an de Joseph Rodesch vum FNR sech domat beschäftegt.

Wat ass eng Geheimschrëft?
Am Wëssenschaftsstudio vun der Kannerradionuecht hunn d’Michelle Weber an de Joseph Rodesch vum Luxemburg National Research Fund, dem FNR, en Experiment gemaach, wou et ëm eppes ganz Geheimes geet, nämlech eng Geheimschrëft.
