arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ Wéi eng Faarwe gesinn Insekten?

Wéi eng Faarwe gesinn Insekten?

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

7 min

Salut Kanner! Éier mir bei d'Experiment ronderëm Faarwen an d'Insekte kommen, nach dëst. Elo lues awer sécher kënnt d'Zäit vun der Vakanz. Déi meescht vun iech wäerten och scho wëssen, wou et hi geet. Mee Kanner huelt emol un, mir géifen hei an Europa ufänken en Tunnel ze gruewen, dee riicht duerch de Kär vun eiser Welt géif goen, kënnt dir Iech virstellen, wou deen dann eraus kéim?... Richteg, an Australien.


Australien ass e Kontinent, deen am Fong vun eis aus gekuckt, op där anerer Säit vun der Welt läit. A wann ee un Australien denkt, dann denkt ee virun allem och u Känguruen a Koala-Bieren oder och nach un déi wonnerschéi Koralleriffer.


A well Australien elo genee op där anerer Säit un der Welt läit, ass och villes anescht. Wéi zum Beispill wann et bei eis Dag ass, ass et an Australien Nuecht. Wa bei eis Summer ass, ass an Australien Wanter, an och den Nuetshimmel gesäit an Australien anescht aus wéi bei eis. D'Stärekonstellatiounen, déi d'Australier nuets gesinn, gesi mer op alle Fall net.


Australien ass och dee Klengste vun alle Kontinenter, déi mer kennen a wou Mënsche liewen, an et ass och deen eenzege Kontinent, dee komplett op der südlecher Hemisphär läit, dat heescht vun eis ausgesäit op der ënneschter Hallschent vun der Welt, déi duerch den Äquator gedeelt ass.


Australien ass wuel e Kontinent, awer och e Land an et gehéiert als Land zu Comonwealth of Nations, dat sinn zimmlech all déi Länner, wou déi englesch Kinnigin Elisabeth d'Staatscheffin ass. Déi gréisst Stied an Australie si Melbourne, Sydney, mat senger ganz bekannter Oper, Perth, Darvin a Canberra, wat och d'Haaptstad vun Australien ass.


Bannen am Land vun Australie kann ee stonnelaang mam Auto fueren ouni e Mënsch ze gesinn, deen Deel vun Australie nennt een den Outback. An d'Kanner an deem Deel vun Australien kréien iwwer Funk Schoul gehalen. Et ginn nach Urawunner, an déi liewe bal komplett oder op d'mannst dräivéierel vun hinnen an enger Géigend, déi Northern Terrotories heescht.


Bekannt ass Australien awer fir seng Déieren, besonnesch déi léif Koalabieren, Känguruen, oder Emuen, déi bal wéi Straussen ausgesinn, an dann eng räich Ënnerwaasserwelt fanne mir och an Australien an do besonnesch dee gréisste Koralleriff vun der Welt, de Great Barrier Reef, deen ass 2.000 Kilometer laang an 300 Kilometer breet, a do fënnt ee ganz faarweg Fësch, Haien an ganz ganz vill verschidde Korallen, déi een op kee Fall plécken dierf. Well dat scho vill ze vill Leit gemaach hunn, ass scho bal een Drëttel vum Great Barrier Reef gestuerwen. Op alle Fall ass Australien e ganz schéint Land, an wann dir eng Kéier do hinner gitt, passt ganz gutt op d'Natur op.


An eisem Experiment vun der Woch geet et ëm Insekten. An zwar net op, firwat a wéi schlëmm Insekte picken, nee. nee. Et geet dorëms, wat Insekte gesinn oder nach méi genee gesot, wéi eng Faarwen Insekte gesinn. A wat mengt dir, wéi eng Faarwen et sinn? Iwwerleet elo ganz séier a gesitt dann herno, ob dir Recht huet, well d'Michèle Weber vu Science.lu an de Jean Claude Majerus schwätzen genee doriwwer.


Hei ass dann och de Link: Wéi eng Faarwen kënnen Insekte gesinn?

Episoden

De Jos an den Tatzelwuerm

De Jos an den Tatzelwuerm

Fir de Jos, eise léiwe Lausbouf ass elo Fuesvakanz. Normalerweis ginn hien a seng Schwëster Nora net an d'Schivakanz, mee dëst Joer fuere si mat der Nonna an dem Bopa an d'Schwäiz an de Schnéi.
headphones

55 min

play_arrow
Episod 6: Schnipp Schnapp!

Episod 6: Schnipp Schnapp!

Dem Derrick seng Stëbsallergie ass besonnesch schlëmm. Duerfir muss e geschuer ginn. Mee ass en elo iwwerhaapt nach e luussegt, muussegt Monster ouni wujelege Pelz?
headphones

7 min

play_arrow
Episod 5: Eng Strëmp

Episod 5: Eng Strëmp

Den Derrick fënnt eng eenzel Strëmp an déi dräi luusseg, muusseg Monsteren iwwerleeën, ob dat net vläicht e Portal fir an eng aner Welt kéint ginn. Vläicht ass dat hir Chance, fir an de Frigo ze kommen?
headphones

7 min

play_arrow
Episod 4: Et gëtt gekacht!

Episod 4: Et gëtt gekacht!

Den Derrick ass en exzellente Kach. Seng Spezialitéit ass Hakabullibräi à la Derrick. Domadder kann ee besonnesch gutt knätschen an et kritt een esou schéi brong, gréng a knalleg orange Zänn.
headphones

5 min

play_arrow
Epsiod 3: Dinosaurier

Epsiod 3: Dinosaurier

Viru ganz ville Jore gouf et och scho Monsteren. Déi hunn Dinosaurier geheescht an déi gëtt et net méi, well e grousse Steen op d'Äerd gefall ass. Mee se sinn elo zeréck komm fir eis kleng Monsteren ze erféieren?
headphones

8 min

play_arrow
Episod 2: Grujeleg

Episod 2: Grujeleg

Wat brauch een alles fir richteg grujeleg ze sinn? Et muss ee sech gutt virbereden. Dat ass kloer! Do ass keng Zäit, fir ze schlofen.
headphones

7 min

play_arrow
Episod 1: Dräi luusseg, muusseg Monsteren

Episod 1: Dräi luusseg, muusseg Monsteren

Ënner dem grousse Bett am Bopa sengem klengen Zëmmer, uewen am klengen Haus wunnen dräi droleg Gestalten: den Derrick, de Pluto an d'Tippy. Si dreemen dovunner, engem Mënsch eng Kéier eng richteg Héngerhaut ze verpassen.
headphones

9 min

play_arrow
De Mukami an d'Bierger

De Mukami an d'Bierger

Eng nei Lauschtergeschicht mam Mukami vun der Anja Di Bartolomeo
headphones

39 min

play_arrow
Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht

Den Emil an de Frutz: E Kannerbuch an eng Lauschtergeschicht

Eng nei Lauschtergeschicht vum Claude Zeimes
headphones

9 min

play_arrow
Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?

Kann ee mat Téin e Glas zersprangen dinn?

headphones

5 min

play_arrow
Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek

Musek ass Gefill an dofir beréiert Musek

headphones

5 min

play_arrow
Eng Nuecht an der Philharmonie

Eng Nuecht an der Philharmonie

headphones

30 min

play_arrow
De Rigoletto Vodoo-Zauber

De Rigoletto Vodoo-Zauber

headphones

24 min

play_arrow
Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt

Dem Luthier iwwer d’Schëller gekuckt

headphones

6 min

play_arrow
D’Eloisa a seng Gei

D’Eloisa a seng Gei

headphones

5 min

play_arrow
Musek maachen op enger Schalimosflütt

Musek maachen op enger Schalimosflütt

headphones

5 min

play_arrow
Mir fabrizéieren eng Knupptut

Mir fabrizéieren eng Knupptut

headphones

6 min

play_arrow
E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker

E Besuch bei de Lëtzebuerger Philharmoniker

headphones

5 min

play_arrow
De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

De Kannerradionuechtsong 2025 “Nach en Dag” vum luk.

headphones

7 min

play_arrow
E Fest am Wanterbësch

E Fest am Wanterbësch

headphones

11 min

play_arrow