Aktuelles
Gewalt an de Schoulen
4 min
Hunn d'Schoulen zu Lëtzebuerg ee Problem mat Gewalt? Déi Fro gëtt am Moment nees vill diskutéiert. Hannergrond ass e Video, deen op der Social Media Plattform TikTok viral gaangen ass an op deem ee gesäit, wéi ee Jonke vun zwee anere Schüler an engem Lëtzebuerger Lycée brutal zerschloen gëtt.
D'Marlène Clement huet beim Educatiounsministere a beim psycho-sozialen Schoulservice CEPAS nogefrot, wat aktuell an de Schoulen géint esou e Verhalen ënnerholl gëtt - mat virop der Fro, wat mat den Täter geschitt.