No 17 Joer Heroinkonsum ass "Strange Weather" am Juli 1987 deen éischten Album ouni Drogen fir déi englesch Interpretin. Den amerikanesche Produzent Hal Wilner sicht Lidder eraus, déi aus den 30er a 40er Joren stamen, hien geet dobäi an de Beräich Cabaret a Music-Hall ... fir esou e Repertoire zesummenzestellen, dee bei déi rau Stëmm vun der Marianne Faithfull passt.
"Strange Weather" passt a kee Rock- oder Poptirang, den Album kléngt dacks düster a beklemmend an erënnert u Kompositiounen aus der Brecht/Weill-Zäit.
De Fred Medernach kuckt op dëse spezielle Release vum Label Island zeréck.