Bewosst Gesond
Wéivill Flëssegkeet muss et sinn?
12 min
Am Summer, mat der Sonn an den héijen Temperaturen, brauch eise Kierper méi Flëssegkeet, well e Mangel u Waasser net nëmmen eis Leeschtung beanträchtegt, mee op Dauer och eist Gehier, Blutt, Liewer oder Muskele schiedege kann.
2,5 bis 3,5 Liter den Dag: Dovun huelen mer an der Moyenne 1L duerch d'Ernärung op. Besonnesch Leit mat Zocker solle genuch drénken, well vill Flëssegkeet hëlleft de Stoffwiessel ze fërderen an d'Nierefunktioun ze ënnerstëtzen.
Egal ob aus dem Krunn, oder Mineralwaasser aus der Fläsch, bei Duuscht soll ee virun allem mol Waasser drénken. Well et huet keng Kalorien an och keng Wierkung op de Bluttzocker.
Invitée beim Angie Maquil ass d'Sylvie Paquet, Direktesch vun der Maison du Diabète.