Gebuer den 30. Juli 1963 zu Péiteng, huet de Paul Cruchten mat 15 gehollef de Ciné-Club des Jeunes de la Ville de Luxembourg ze grënnen a war fënnef Joer méi spéit och vun der Partie, wéi d'Aventure Utopia lancéiert gouf. No Studien zu Paräis op der Ecole supérieure d'études cinématographiques realiséiert hie mat 25 Joer säin éischte Kuerzfilm "Somewhere in Europe", 1992 deen erfollegräichen Film "Hochzäitsnuecht". Aus sengem Repertoire sinn weider Filmer an Documentairë wéi "Perl oder Pica" "Never Die Young", "Voices from Chernobyl" oder de Thriller "Justice Dot Net". De Paul Cruchten stierft den 3. Juli 2019 am franséische La Rochelle.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun dräi Joer stierft de Paul Cruchten
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min