De Cornel Meder, gebuer den 23. September 1938 zu Esch-Uelzecht, studéiert zu Léiwen, Bonn, Paräis an Tübingen. Hie gouf Professer am Däitschen a spéider Direkter vum Lycée Technique Mathias Adam zu Péiteng. Sechs Joer war hien Direkter vum Lëtzebuerger Nationalarchiv an huet zur Grënnung vum Nationale Literaturzentrum zu Miersch bäigedroen. Politesch war hien 12 Joer Member vum Staatsrot a Schäffen an der Stad Déifferdeng. Als Editeur bréngt hien d'Zäitschrëft "Galerie" eraus.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru véier Joer stierft de Cornel Meder
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min