arrow_back_ios
Fënnefvéierel
Nightsongs
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
D'Schmelz zu Esch - dat ass och eng ganz eege Klangkuliss, déi d'Awunner iwwer d'Jore begleet huet. De Samuel Reinard alias Ryvage war schonn ëmmer vun den industriellen Téin begeeschtert, déi nuets vun de verschiddene Sitte koumen.
Am Fënnefvéierel hëlt eis de Museker mat op de Site vun der Metzerschmelz, wou hie Kläng fir säi Projet "Nightsongs" gesammelt huet. Kläng, déi spéider a Musek verwandelt ginn.
Musek