Dagdeeglech
Virun 109 Joer koum de Carlo Hemmer op d'Welt
3 min
No Etüden zu Paräis an zu Leipzig fänkt de Carlo Hemmer seng berufflech Karriär 1936 un als Attaché am Landwirtschaftsministère. Nom Zweete Weltkrich bekleet hien eng ganz Rëtsch Ämter a Funktiounen wéi z. B. der FEDIL, der Chambre de Commerce, dem Office luxembourgeois pour l'acroissement de la productivité, den Europäesche Wirtschafts- a Sozial-Comité, ass President vun der Lëtzebuerger Bourse a Member vum Verwaltungsrot vun der BGL. De Carlo Hemmer war och de Grënner vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land. Hie stierft den 11. November 1988 am Alter vun 75 Joer.