Bewosst Gesond
Proteinnen: Zille fir en Haus ze bauen
6 min
Eng Pärelsketten fir de Kierper: Proteinne si fir de Wuesstem, d'Reparatioun an den Opbau vu wichtege Substanze wichteg. Mir brauchen 0,8g/kg Proteinne pro Dag. De Kierper benotzt se awer guer net gären als Energiequell. Hir Haaptroll ass den Opbau an net de Liwwerant vun Energie. Wa soss näischt do ass, hellt de Kierper och mol Eewäiss, mee net gär.
Funktionell Roll: Hierstellen vun Hormoner, Enzymer, Antikierper, Immunsystem
Strukturell Roll: Wuesstem, Opbau vun Haut, Hoer, Muskelen, Tendonen a. s. w.
"Eigentlech iesse mer genuch Proteinnen a brauchen als Erwuessene gesonde Mënsch keen Zousaz. De Kierper kann einfach iergendwann net méi ophuelen an net méi ëmsetzen. Sou wéi en Eemer, dee voll ass an dann eeben iwwerleeft".
Proteinquelle sinn:
Fleesch, Fësch, Eeër
Mëllechproduiten a Kéis
Kären (ëmmer am beschte Vollkar)
Quinoa, Hirse
Nëss an Hülsenfrüchte
"De Kierper kann zum Deel déi Pärele selwer hierstellen, mee net all. Déi, déi de Kierper net selwer hierstelle kann, sinn déi essentiell Aminosaieren a musse mam Iessen zougefüügt ginn. Weltwäit gekuckt si Kären eis gréisste Proteinquell",
seet Dieteticiene Stephanie Rosquin. Si ass Invitée beim Angie Maquil.