Op hirer rezenter Afrika-Rees hunn de Premier Xavier Bettel an de Kooperatiounsminister Franz Fayot Kooperatiounsprojete besicht, un enger digitaler Foire participéiert an nei Hëllefen decidéiert. Dat an zwee Länner, déi net méi verschidde kéinte sinn. Ugefaangen huet d'Rees an engem vun den äermsten an onsécherste Länner vun der Welt, dem Niger an opgehalen an der sécherer, moderner ruandescher Haaptstad Kigali. Zil wier et d'Kooperatiounshëllef geographesch ze diversifiéieren. E Reportage vum Maxi Pesch
arrow_back_ios
Aktuelles
Kooperatiounshëllef diversifiéieren
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen

Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
