Gebuer gouf de Jules Salentiny den 3. Abrëll 1894 an der Stad Lëtzebuerg. Hie studéiert Droit a gëtt am Januar 1919 als Affekot vereedegt. Nom Zweete Weltkrich hat hien iwwer Kollaborateuren a Krichsverbriecher ze riichten, gouf am Oktober 1953 President vum Ieweschte Geriichtshaff a goung 1959 an d'Pensioun. Well hien ni bestuet war a keng Nokommen hat, gouf ee groussen Deel vu sengem Verméigen der Stad Lëtzebuerg vermaach. Als Merci un de Spender gouf um Zens eng Strooss no him benannt.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 60 Joer stierft de Jules Salentiny
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min