arrow_back_ios
Sot emol
Gerry Welter
De Gerry Welter ass dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol". Dem Gerry Welter säin Liewen gehéiert der Musek, dat ass wuel net vermessen ze soen. Hien war Braatschist am Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, huet am Stater Conservatoire Couren ginn an en huet an e sëllegen Ensembelen mat musizéiert. Mä en ass virun allem zanter iwwer 60 Joer Dirigent vum Méchelschouer um Fëschmaart, also méi wéi just e musikaleschen Engagement, et kéint ee soen e Liewenswierk.