arrow_back_ios
Europa Aktuell
Komplexe Pensiounssystem
An der Europäescher Unioun ginn et a ville Beräicher Bestriewunge fir d'Systemer vun de verschiddene Memberstaaten ze harmoniséieren. Bei de Pensiounssystemer ass dat awer nach net de Fall. E gudden Deel vun de Pensiounen oder Deelpensiounen hei am Land ginn u Leit, déi a verschiddene Memberstaate geschafft hunn. E komplexe System bei deem d'Pensiounskeess CNAP op d'Rechter vun all den eenzelen EU-Länner muss oppassen. Jee nodeem a wéi engem Land een niewent Lëtzebuerg nach geschafft huet, kann dat vu Vir- oder Nodeel sinn. Detailer vum Maxi Pesch