Gegrënnt de 4. Juni 1887, gouf den Institut Pasteur, benannt nom bekannte Fuerscher Louis Pasteur, de 14. November 1888 offiziell ageweit. Dat eelst Gebai vum Institut Pasteur ass de Pasteur-Musée zu Paräis. Nieft senge Fuerschungsaktivitéite beréit den Institut Pasteur a medezinesche Froen déi franséisch Regierung, wéi och d'Weltgesondheetsorganisatioun WHO. Den Institut Pasteur ass en epidemiologeschen Iwwerwaachungszentrum a kontrolléiert Ausbréch vun Infektiounskrankheeten. Siwe Mol goufe Fuerscher vum Institut Pasteur bis ewell mam Nobelpräis an der Medezin ausgezeechent, eemol an der Chimie.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 135 gouf den Institut Pasteur gegrënnt
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min