Magasinn
Lëtzebuerger Fuerscher verléiert säin Job no Kritik un der Regierung
0 min
Wéivill Kritik un der Regierung kann ee Fuerscher sech erlaben? De Lëtzebuerger Hydrolog Jeff da Costa huet kuerz no den Iwwerschwemmungen d'lescht Joer seng Aarbecht hei am Land verluer. Him gouf - eegenen Aussoen no - matgedeelt, et hätt Drock aus politesche Kreesser ginn. Kuerz no engem RTL-Reportage, an deem hien der Regierung Versoen virgeheit huet, krut den Doktorand säi Kontrakt bei der Firma RSS-Hydro zu Diddeleng gekënnegt. Den Direkter vun do confirméiert dat, seet awer hien hätt d'Decisioun getraff "fir politeschen Drock ze verhënneren - a seng aner Mataarbechter ze schützen."