Magasinn
Eng besser Prise en charge vun den Elteren an de Kanner
5 min
De Centre Therapeutique Manternach am Syrdall Schlass ass aktuell deen eenzegen Therapiezenter zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, deen eng stationär Drogentherapie fir suchtkrank Elteren a Begleedung vun hirem Kand ubitt. Bis ewell gouf et awer kee gesetzleche Kader an och keng spezifesch Plaz fir d'Eltere-Kand-Betreiung am Therapiezenter fir Drogenofhängeger. Mat engem neie Projet, deen den Numm La seule chance d'avoir une chance dréit, soll dës Zilgrupp vun elo u besser encadréiert ginn. D'Marlène Clement informéiert.