Magasinn
Léift a Politik a Brasilien
4 min
De Lula, fréiere President vu Brasilien, huet sech dës Woch fir d'drëtte Kéier bestuet. Dat mat der 21 Joer méi jonker Soziologin Rosangela da Silva, déi sech fir d'Aarbechterpartei am Land asetzt. Dat wier eigentlech keng grouss Nouvelle, wann dee 76 Joer ale Luiz Inácio Lula da Silva net e schlaue Politiker wier. Well d'Koppel gëtt sech zwar ganz verléift, mee d'Tatsaach, datt de Lula sech nach eemol fir d'Presidentewalen am Oktober wëllt opstellen, spillt och eng Roll. Dozou méi vun eisem Korrespondent zu Sao Paolo, de Jean-Claude Gerez.