Iwwer sech selwer an iwwer d'Welt ronderëm nodenken ... an dat a Wierder a Nouten erëmginn: esou kéint een dem James Taylor seng Approche fir "Hourglass" zesummefaassen. Dobäi ass d'Welt vum Museker beileiwe net esou duuss, wéi een dat bei de rouege Lidder denke kéint ... et geet rieds iwwert den Doud, dem Taylor seng Drogeproblemer an eng Ëmwelt, déi de Mënsch net respektéiert.
De Fred Medernach erënnert.