Se si kleng an onscheinbar, mee kënnen e grousse gesondheetleche Schued uriichten: Bëschzecken. Déi kleng Plogeeschter hunn et gäre fiicht a wotlech bei Temperaturen tëschent 15 bis 20 Grad. Dofir si se am Moment ganz aktiv.
D'Marlene Clement huet mam Dokter Georges Jacobs geschwat, dee sech zanter 25 Joer mam Theema Zecken beschäftegt. Virop war et d'Fro, ob et e schlëmmt Joer gëtt a punkto Zecken, a wéini mir nees kënnen opootmen.