Dagdeeglech
viru 706 Joer koum de Karel I op d'Welt
2 min
De 14. Mee 1316 koum zu Prag de Karel den 1ten op d' Welt. Hien staamt aus dem Haus Lëtzebuerg-Nassau a war de Bouf vum Jang de Blannen. Mat enger Charta déi hien 1353 zu Mainz opsetzt, confirméiert hien der Abtei vun Iechternach all hir Privileegien, Chartaen, Gewunnechstrechter, Fräiheeten an Immunitéite. An Tschechien verdankt Prag dem Karel dem 1ten hier Universitéit, eng Rëtsch Gebaier an och déi no him benannten weltbekannten Karlsbréck. 1354 ernennt de Karel den 1ten d'Grofschaft Lëtzebuerg zu engem Herzogtum. Hien stierft de 29. November 1378 am Alter vun 62 Joer.