Bis zu hirer Pensioun 1954 schafft si am Stater Conservatoire. 1905 fänkt si un ze komponéieren, dat awer ouni et un déi grouss Klack ze hänken. Hir éischt Operett "An der Schwämm" vun 1922 krut zwar gutt Kriticken, gouf awer séier vergiess. Eréischt an den 1930er Joer gouf d'Lou Koster populär mat liichte Wierker fir Orchester, besonnesch hire Walz-Suitten. An hirem Repertoire stinn 140 Wierker, Märsch, Operetten, Lidder a Kompositioune fir Orchester a Piano. D'Lou Koster stierft de 17. November 1973 am Alter vu 84 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 133 Joer koum d'Lou Koster op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min