Musek Aktuell
Out of the Crowd Festival: Honey for Petzi
10 min
Honey for Petzi si vu Lausanne an hu sech Ufank den 2000er vill Respekt verschaf mat enger Rockmusek, déi eleng hir ass - originell an onverkennbar. Dat war 2004, wou d'Band um éischten Out of the Crowd Festival ageluede war. D'Do-It-Yourself-Zeen vun deemools existéiert net méi, an dach ass hir Musek haut esou pakend wéi deemools - no ville Projeten eleng an enger ofschléissender Reunioun.
Am Virfeld vun hirem Optrëtt muer um Out of the Crowd an der Kulturfabrik huet de Marc Clement sech mam Batteur Christian Pahud iwwer den DIY-Ethos, hir nei Musek an d'Live-Spillen ënnerhalen.