Musek Aktuell
Take Off - Zesummen an der Musek
11 min
Deen een, Karol Kuska mam Numm, këmmert sëch zu Beggem ëm de Vantage, een Haus wat di lëtzebuerger Zeen federéiert an all Woch Live Concert'e vu lokalen an internationale Museker proposéiert. Deen aneren, Kristan Horsberg, ass bei Trust In Talent, eng ASBL, déi probéiert Grass Roots Kënschtler op d'Bün ze bréngen. D'Verbindung vun dëse komplementären Aufgaben ergëtt den Take Off Festival, deen de 4. a 5. Juni hei um Kierchbierg am Amphitheater etabléiert Museker vu Lëtzebuerg a Parais mat Amateuren zesummebréngt.